Zanter e puer Méint ugekënnegt, ass et vun haut un endlech do: D'illustréiert E-Book "Lustige Tiersechszeiler" mat Gediichter vum Här Puppe an Illustratione vum Stephanie Rausch. Als Gemeinschaftswierk vu
rauschpuppe.com entstanen, gëtt et
hei all weider Infoen iwwert den E-Book esouwéi den direkten
Downloadlink.
NEIE RELEASE: "BUTTERFLY TERROR" MAM RENERT TRIO (03.08.2011)
Zesumme mam Sven Piayda vum Electro-Duo Aestate an der Stephanie Rausch presentéiert den Här Puppe als Renert Trio e spontane Museksalbum. Mat dräi akustesche Guitarren equipéiert, léisst sech den Album "Butterfly Terror" vum
Digital Kunstrasen eroflueden, weider Infoen zum Album an dem Konzept dohanner gëtt et
hei.
ONZÄHLEG MUSEKSSTÉCKER VUM HÄR PUPPE FIR NÄISCHT (07.06.10)
Dem Här Puppe seng Musekkabarettzäite ginn zréck bis op d'Joer 2002 - Zäit, elo alt Material online ze stellen. Bei
last.fm
kënnt Dir vun elo un niewent der "Tiefsee" och déi "Positiven Lieder" an den "Phrasenmähermann" fir näischt roflueden - um Enn vum Joer 2010 gëtt et hei och déi éischt dräi Albumen, komplett nei fir Iech agespillt.